Albatrossen

 

D 'Albatrossen si Gruppéierungen vu jonken Erwuessenen, déi zu de "Lëtzebuerger Guiden a Scouten" gehéiere wëllen.




Dës Gruppéierungen kënne bestoen aus:
-fréieren RaRo, déi déi iewescht Altersgrenz vun der RaRo-Branche erreecht hunn, déi weder
Chef/taine wëlle ginn, nach aus dem Verband austriede wëllen;
-fréiere Chef/taine déi sech net méi sou intensiv an enger Branche asetze kënnen oder wëllen;
-fréiere Guiden/Scouten, déi als jonk Erwuessener nees wëllen dobäi sinn;
-Frënn/dinnen a Partner/innen vun den uewe genannten;
-aneren interesséierte Fraen a Männer.

De Numm vun der Branche, „Albatross“ ënnersträicht, dass dëss Scouten manner un Zäiten an Regele gebonne sinn.

Albatrossen ass keng Branche, huet kee Commissaire, keng Strukture vum perséinleche Fortschrëtt, kee Cheftraining.

Albatrossen gëtt d'Méiglechkeet fir jonk Erwuessener:
-en Engagement, dat ee beim Départ als RaRo geholl huet, zesummen mat Frënn an d'Realitéit ëmzesetzen;
-eppes Konkretes ze maachen, wat aner Mënschen an der Ëmwelt notzt;
-dem Guide/Scoutsgrupp an dem Verband punktuell ze hëllefen.

D'Aktivitéiten vun Albatrossen sinn am Aklang mat de Statute vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten.

 

Artikelen

 

 

D'Versammlungen sin: Samschdes vun 20 Auer aus uns

 

Responsabelen Albatrossen


Christian DUPONT
Responsabelen Albatrossen
 
albatrossen.chef@aischener-scouten.eu